Back to top
Alexandra

Moien, ech sinn d'Alex. Ech si Grafik Designer vu beruff an hunn wärend dem Studium meng Passioun fir Fotografie entdeckt, haaptsächlech Macro, Déieren a Natur. Meng aner grouss Leidenschaft an och Liewensastellung ass Parkour/Freerunning, wat ech elo och scho säit 3 Joer intensiv maachen. Leider hunn ech mech am Dezember gréisser verletzt a misst operéiert ginn, wat mer immens vill ze schaffe gëtt. Net méi trainéieren ass fir mech guer guer keng Optioun dowéinst sinn ech vum Ufank un ëmmer weider op den Training gaangen an hunn den Training-plang ugepasst. Well ech nach bis nächst Joer wäert out sinn, hunn ech d'Iddi kritt meng zwou grouss Passiounen ze kombinéieren, wat och e grousse Challenge ass well ech nach ni mat Mouvementer Fotograféiert hunn. Dowéinst huelen ech un Parkour an Architektur orientéiert Workshop deel fir di Kenntnisser opzebauen a weider ze evoluéieren.

Social media